Bannière du site
Retour à la liste

Swedish Open - 2 Medaillen fir eis Junioren

Image de couverture de l'article
 
Eis Kadersportler woren dëse Weekend um G1 Tournoi an Kristianstad an Schweden ënnerwee.
Den Samsten 3 Mai waren eis Senioren um Start an den Sonnden 4 Mai dann eis Junioren.
 
Bei den Senioren huet sech Lennie Mangen (-62kg) leider enger staarker Kämpferin aus Puerto Rico, an zwee knapp verluerenen Ronnen, misse geschloe ginn.
 
D' Isabelle Faber (-67kg) huet séin Kampf an der Veierelsfinal leider och knapp verluer géint seng Geignerin aus Dänemark.
 
Ähnlech ergoung ët bei den Junioren dem Christopher Wünsch (-68kg), deen géint e Kämpfer aus Frankräich 0-2 ënnerleeën wor.
 
Den Luca Wünsch (-68kg) konnt sech duerch eng konzentréiert Leeschtung géint e Kämpfer aus dem Portugal mat 2-0 duerchsetzen.
An der Halleffinale, obwuel net vill gefeelt huet, wor dunn awer (0-2) géint een erfuerenen Juniorakämpfer an spéideren Goldgewënner aus Schweden Schluss.
Domat konnt sech den Luca déi zweet 3.Platz op engem E Tournoi fir dëst Joer sécheren.
 
D' Lisa Vrösch (-59kg) konnt sech bis an d'Final mat richteg guddenen Leeschtungen (2-1 Schweden) an (2-0 Norwegen) duerchkämpfen.
No enger spannender Final huet sech d'Lisa natierlech iwwert eng verdéngten Sëlwermedail (0-2 Schweden) gefreet!
Fir d'Lisa, säin vläischt wertvollsten Erfolleg bis elo an senger nach jonker Carrière.
 
Fazit: Alt erëm SUPER Leeschtungen vun eisen Kadersportler! 
 
Coaching duerch den Hugo an d' Isabelle.