Eis Kaderathleeten woren jo dëse Weekend um E-Tournoi "Doheem" um Start.
Den Christopher (-68kg) wousst an sengem éischten Match mat engem dominanten Optrëtt (2-0) géint een Kämpfer aus Däitschland ze gefaalen. An der 1/4 Finall huet den Christopher dun den spéideren Goldgewënner Ribbestad aus Schweden richteg un d'Schweessen bruecht. Leider ass ët awer nach net duergaang dësen Topathlet ze klappen (0-2).
Den Luca (-68kg) haat, wéint sengem gudden Europa Ranking, am éischten Tour e Fräilouss. An der 1/4 Finall konnt den Luca leider net all seng Fähegkeeten géint e Kämpfer aus Frankräich um Tatami ausspillen (0-2).
Lisa (-59kg) huet an sengem éischten Match Kämpferherz an Comeback Mentalitéit bewiesen an konnt sech géint eng Kämpferin aus Norwegen (2-0) duerchsetzen. Duerno an der 1/4 Finall huet déi spéider Goldgewënnerin M. Lakehal-Rollings aus Frankräich dem Lisa leider keng Chance (0-2) geloos.
Den Abbas Jadouezadeh (-63kg) huet séin éischten Match géint Däitschland souverän gewonnen an konnt esou mat (2-0) an 1/8 Final virrecken. Do ass en dann ob een Géigner aus der Belge getraff, wou hien leider net konnt gewannen an sech 0-2 misst geschloen ginn.
3x gouf also eng Medaill knapp verpasst. Et gëllt aus dësen Erwahrungen ze léieren an. An et an Zukunft besser ze maachen.
Ee Groussen Merci fir d'Ënnerstëtzung vun den Elteren an hiere Kanner aus dem Jeunes Talents Kader an un eisem National Trainer Yassine Trabelsi fir den Coaching esou wei och eisem techneschen Direkter dem Boris Winkler.
(Text: Yves Wünsch)