Bannière du site
Retour à la liste

Krasniqi Open E2 - Lëtzebuerg raumt of

Image de couverture de l'article
 
4 Sportler 4 Medaillen: 2x Selver an 2x Bronze zu Aigle an der Schwäiz
 
Dësen Samsden den 24.05.25 woren eis 4 Junior Kader Athleten fir Lëtzebuerg an der Schwäiz am Asaatz.
 
3. Platz fir den Christopher Wünsch (-63kg), hien huet sech missen mam speideren Goldgewënner Daniel Lopez Rodriguez aus Spunien  an der 1/2 Finall auserneen setzen. Leider ass ët awer an zwou knappen Ronnen (0-2), nët duergaang.
 
3. Platz och fir den Luca Wünsch (-68kg), hien konnt sech an der 1/4 Finall kloer géint den Lokalmatador, Matus Novotny aus der Schwäiz  (2-0) duerchsetzen.
Géint den Denzel Meledie Ntjono, een Kämpfer aus Frankräich konnt hien an der 1/2 Finall an zwou knappen Ronnen (0-2) richteg gut mathalen: Et goung hin an hier. Zum Schluss huet e bessi d'Gléck gefeelt an et ass leider net ganz duergangen.
 
2. Platz fir d'Lisa Vrösch (-59kg), hat konnt sech jeweils souverän (2-0) géint Alice Sangiorgio eng Kämpferin aus der Schwäiz , an duerno an der 1/2 Finall och (2-0) geint Tamara Reichkendler aus Éisträich, duerchsetzen.
An der Finall huet sech Lisa awer dun géint Sara Kraja, eng staark Athletin aus Montenegro misse geschloe ginn (0-2).
 
2. Platz och fir den Abbas Jadouezadeh (-59kg), hien konnt sech an der 1/2 Finall (2-1) geint den Dionis Memeti aus der Schwäiz duerchsetzen.
An der Finall ass et dunn awer net ganz duer gangen an den Abbas huet (0-2) géint den Emil Bovsunovski aus der Ukrain verlour.
 
Mat richteg konzentréierten an kämpfereschen Leeschtungen sin mir Stolz op eis Athleten an gratuléieren hinen fir hier gudd Leschtungen.
E groussen MERCI geet natierlech un eisen Nationaltrainer Yassine Trabelsi fir Coachen.