Bannière du site
Retour à la liste

Grand Prix ETU Série 2 (E8) à Vršac (SERBIE)

Image de couverture de l'article

Grand Prix ETU Série 2 (E8) à Vršac (SRB)
Nos athlètes juniors, Christopher et Luca WÜNSCH (-68 kg) et Lisa VRÖSCH (-59 kg), ont été invités au Grand Prix en Serbie grâce à leur classement européen.
Christopher a réussi son premier combat face au héros local V. Subotic (SRB). Sans se laisser décourager par un retard de round, Christopher, déterminé, a su revenir dans un combat acharné et finalement s'imposer (2-1).

C'est ensuite un poids lourd européen, B. Cosgungonul (TUR) (n° 2 européen des -68 kg), qui attendait Christopher, légèrement battu. Malheureusement, « Bugra », champion d'Europe en titre, médaillé d'or au FOJE et plus tard vainqueur souverain du Grand Prix, s'est imposé nettement (0-2). Après un bye, Luca a affronté E. Demic (BIH). Dans un match très serré, le Bosniaque (1-2) a malheureusement conservé l'avantage.


Après un bye, Lisa a affronté D. Hadzic (GER). Malheureusement, le très fort combattant allemand n'a laissé aucune chance à Lisa (0-2).
Grâce à cela, nos trois athlètes ont tous terminé à une honorable 9e place (sur 22) dans leurs catégories de poids, face à un plateau relevé. Ils ont ainsi acquis une expérience précieuse et marqué des points, leur permettant de se positionner parmi les meilleurs athlètes européens.


Un grand merci à notre entraîneur principal et coach Hugo LOPES et à Maria WÜNSCH, membre du comité, pour leurs conseils avisés.


Équipe TKD Bieckerech, fiers ensemble

___________________________________________________________________________________________

ETU Grand Prix Series 2 (E8) zu Vršac (SRB) 


Eis Junior Kader Athleten, Christopher & Luca WÜNSCH  (-68kg) an Lisa VRÖSCH  (-59kg) woren, dank hierem europäeschen Ranking, op den Grand Prix an Serbien invitéiert ginn.


Den Christopher kruut ët an sengem éischte Kampf mam Lokalmatador V. Subotic (SRB) ze din. Ouni sech vun engem Ronnenréckstand aus dem Konzept bréngen ze loossen, konnt sech den wëllenstaarken Christopher, an engem haard gefouerten Match, zréckkämpfen an schlussendlech gewannen (2-1). 


Duerno huet awer een europäescht Schwéiergewiicht, den B. Cosgungonul (TUR)  (Nr. 2 an Europa -68kg), op den liicht ugeschloenen Christopher gewaart. Leider konnt sech den "Bugra", aktuellen Europameeschter, EYOF Goldgewënner an spéideren souveränen Grand Prix Gewënner, kloer duerchsetzen (0-2).
No engem Fräilousss huet sech den Luca dem E. Demic (BIH) entgéintgestallt. An engem richteg enken Mätch huet leider den Bosnier (1-2) d'Iwwerhand behalen.
No engem Fräilouss ass d'Lisa op D. Hadzic (GER) getraff. Leider huet déi richteg staark däitsch Kämpferin dem Lisa keng Chance gelooss (0-2).


Domat koumen eis 3 Kader Athleeten an engem staark besaaten Kämpferfeld allendräi op déi respektabel 9. Plaatz (vun 22) an hieren Gewiichtsklassen.  Esou goufen weider wichteg Erfaahrungen, mee och Punkten gesammelt fier sech ënnert den europäeschen Topathleeten z'etabléieren.


Grouss MERCIEN ginn natierlech un eisen Chef-Trainer & Coach Hugo LOPES an eisen Comitésmember Maria WÜNSCH fier den Encadrement.


TKD Team Bieckerech, zesummen houfreg