European Grand Prix Tallinn 2025
Eis Junioren haaten sech jo fir den Grand Prix zu Tallinn an Estland qualifizéiert, wou sech Crème de la Crème vum europäeschen Taekwondo zesummefonnt haat.
Den Luca (-68kg) haat alt erëm eng Kéier mam Louspech ze kämpfen an huet sech missen mam Gewënner vun den Dutch Open 2025 dem "Kody" aus Dänemark auserneen setzen. Hién wor him schlussendlech 2-0 an den Ronnen ënnerleeën.
Den Christopher (-68kg) konnt sech mat enger richteg gudder konzentréierter Prestatioun 2-0 géint den Kroat Varencia duerchsetzen.
Duerno wor awer leider géint den spéideren Goldmedailgewënner, den ze staarken Griich Panagopoulos, mat 0-2 Schluss.
D'Lisa (-55kg) krut ët mat der Griichin Zineli ze dinn. No engem haard ëmkämpften Match huet sech d'Lisa, mat wierklech vill Pech, 1-2 geschloe misse ginn.