5 Sportler dei an der Nationalequipe trainéieren waren dësen Weekend hei um Start. 4 Sportler aus Beckerich dorener drei Junioren an eng Seniorin an een Senior vun Viichten sinn hei ugetrueden.
Afenhëtzt an der olympescher Äissporthaal zu Innsbrück
Leider haaten eis Kadersportler net nëmmen dëse Weekend um G1 Tournoi an Éisträich mat richteg staarken Géigner ze kämpfen, mee och mat enger praktesch nët auszehalener Hëtzt um Tatami (mat locker iwwer 35°C).
Lisa (-59kg) kruut ët an der 1/8 Finall, no engem Fräilouss, mat dem A. Akin aus Däitschland ze dinn. Dobäi konnt Lisa bravouréis, mat vill schéinen Kontertreffer, eng drëtt Ronn erzwéngen, déi awer dunn leider verluer gung (1-2).
Lennie (-62kg - Senioren) huet, och no engem Fräilouss, missen dem Z. Marasli aus Mazedonien an 1/8 Finall entgéinttrieden. Leider wor och dës Géignerin, obwuel Lennie virunallem an der éischter Ronn gut mathaale konnt, een Tick besser (0-2).
Den Luca (-68kg), no engem Fräilouss, kruut ët an der 1/8 Finall mam D. Lavrov aus Däitschland ze dinn. Während dem Kampf, huet sech den Luca, am Fong schon genuch duerch d'Hëtzt an Géigner geploot, och nach un der Hand verletzt. Gehandicapt konnt hien duerno sengem Géigner an Topform (3. Platz) näischt méi entgéintsetzen (2-0).
Den Christopher (-68 kg) konnt sech, no engem Fräilouss, an dësem Baakuewen an 1/8 Finall géint den L. Margaranovic aus der Schwäiz duerchsetzen (2-0), woubäi hien wierklech mat vill Gléck (schlëmmen Fauschttreffer un sengem Hals) iwwerhaapt nach weiderkämpfen konnt.
An der 1/4 Finall huet sech den Christopher dunn missen dem aktuell beschten Kämpfer aus Däitschland an dëser Gewiichtsklass, an spéideren Finalist, dem A. Cavusman entgéintstellen. An dëser Hëtzeschluecht konnt sech den Christopher virunallem an der éischter Ronn gut verkaafen. Mee säin Géigner, 5. op der leschter Juniors WM, wor einfach besser (0-2).
Clubtrainer an Coach HUGO... onersetzbar & onverzichtbar.
Nächste Rendez-Vous: den G1 Tournoi zu Montargis Frankräich, wou d'Élite aus dem Hexagone op eis Kaderathleeten waarde wäert.
(Text: Yves Wünsch/TKD Team Beckerich)